About
ME
1986 hunn ech Liicht vun der Welt erbléckst. Geleiert hunn ech Mecanicien industriel et de Maintenance. Dat mam fotograféieren ass erhéicht Mëtt 2013 méi opkomm. Am Ufank sinn ech just duerch Gebaier gelaf, hunn mol hei oder do eng Foto gemaach (wäert een och an verschidden Albumen erkennen ;-) ) bis ech obeemol gemengt hunn, ech misst ufänken dat ganzt méi serieux ze fotograféieren vir et festzehalen, ëmmerhin huet een net ëmmer Méiglechkeeten vir ob déi selwecht Platz erëm zekommen. Doduerch dass ech am Süden wunnen, hunn ech eng ideal Ausgangspositioun vir meng Touren an Grenzgebitt ze starten.
Zu menger Persoun:
Et huet 27 Joer gedauert bis ech duerch Geocaching, an déi domadder verbonnen Lost-places, dann, och entdeckt hunn. Wei ech mäin éischten Cache an engem sougenannten "Lost-place" den 01.04.2013 (ass keen Abrëllsgeck) geloggt hat, hunn ech mech ugefaange en bëssen méi Intensiv mat deem Thema ze beschäftegen. Et huet sech erausgestallt dass den Süden vun Lëtzebuerg an Grenzgebitt en Eldorado ass an Saachen Lost-places. Et gouf sech ëmmer mei mat deem neideschen Equipment ausgerüst, vir sech kennen ob, deelweis geféierlechem Terrain, sécher ze bewegen.
Wèi sinn ech dozou komm:
Den Hobby ass zimlech Zaitobwendeg,. Oft muss een laang um Internet recherchéieren oder sech mat Leit austauschen, déi Platzen kennen. Dann kennt dono den prakteschen Deel. Fahrt bis dohin, kucken wou een eran kennt, Locatioun selwer inspizéieren an Fotoen mann. An dann schafft een jo déi ganz Woch nach regulär...... . Dofir kann et mol sinn dass den Site méi oder manner séier aktualiséiert gëtt.
Soss nach: